Den 15. Dezember stoung den 6. Spilldag vun eisem nationale Championnat um Programm.
Du fënns ab elo Résultater an Tabell vum 6ten Spilldag, 15/12/2017, bei eis um Site.
Den 15. Dezember stoung den 6. Spilldag vun eisem nationale Championnat um Programm.
Du fënns ab elo Résultater an Tabell vum 6ten Spilldag, 15/12/2017, bei eis um Site.
Um lëschten Samsden, 09/12/2017, stoung déi 3. Open Ranglëscht vun der EDFL Saison 2017/2018 an der Stadt, Lycée des Garçons, um sportlechen Plang.
En decke Merci un jiddereen deen den Wee bei eis fonnt huet.
Dames:
1. Hoor Sabrina
2. Luecke Simone
3. Flammang Maryse
Hommes:
1. Louis Johnny
2. Teixeiera José
3. Bajrami Sulbear
Juniors:
1. Eric
2. Sam
3. Fränk
Resultater vun der Coupe:
Um lëschten Samsden, 25/11/2017, stoung déi 2. Open Ranglëscht vun der EDFL Saison 2017/2018 an der Stadt, Lycée des Garçons, um sportlechen Plang.
En decke Merci un jiddereen deen den Wee bei eis fonnt huet.
Dames:
1. Klein-Kemp Sonny
2. Zimmer Tania
3. Vesque Rachel
Hommes:
1. Louis Johnny
2. Glesener Franky
3. Bajrami Sulbear
Resultater vun der Coupe:
Héi fannt dir den Video vum Tirage vun der Coupe de Luxembourg an der Coupe de la Fédération:
Réckbléck op den EDU Ranking an der Schwäiz vum 20. -21.10.2017.
Bei sonnegem Wierder an enger fantastescher Ambiance hunn 23 Spiller ee super Dartsweekend an der Schwäiz verbruecht.
Mir felicitéieren all eise Spiller vir déi gutt Resultater wou sinn erreecht hunn.
Bei de Männer waren 162 Spiller ageschriwwen a bei de Frae waren et der 57.
Freides Owes huet eis Champions League Equipe 3 Matcher gespillt:
Red Lions Luxembourg (LUX) – Brixia (ITA) 8-5
Red Lions Luxembourg (LUX) – DSAB 1 (GER) 2-11
Joue le Douze (FRA) – Red Lions Luxembourg (LUX) 5-8
Ofschléissend si mir immens zefridden op zwee Rankingen, Prag & Sulgen, mat enger grousser Delegatioun präsent gewiergt ze sinn a frëen eis fir Iech alleguer op dem lëschte Ranking vun der Saison 2017/2018 zu Lëtzebuerg ze begréissen. Kommt alleguer dohinner, dir wäert et net bereien.
Héi nach en puer individuel Resultater:
Warm-Up Men:
13. Louis Johnny
17. Junck Jeff
25. Bintz Nico
Lucky Looser:
25. Klein Frank
33. Bintz Nico
DYP:
5. Teixeiera José
9. Louis Johnny
13. Junck Jeff
EDU Hären:
17. Louis Johnny
33. Baulesch Yves
49. Müller Gerard
EDU Damen:
9. Klein-Kemp Sonny
25. Hoor Sabrina
33. Flammang Maryse
Alleguer Resultater fannt dir hei: EDU Sulgen Resultater
Changement vun der Spilladresse vun den ARTISTES:
Brasserie Victor Hugo
84, Avenue Victor Hugo
L-1750 Luxembourg
Actualisatioun vum Calendrier sportif Saison 2017/2018:
Klick hei
Dëst Joer stoung deen éischten europäesche Rendezvous zu Prag op eiser sportlecher Agenda.
Um éischten EDU Ranking waren och des kéier rem 16 Lëtzebuerger vertrueden, 14 Spiller bei de Männer an 2 Spillerinnen an der Damen Competitioun.
D’Ambiance war wei ëmmer rem ganz gutt ënnert den eenzele Spiller a Spillerinnen, et huet een deen aneren ënnerstëtzt, gouf gutt gelaacht an natierlech op engem heigen Niveau Darts gespillt.
Bei de Männer hun insgesamt 250 Spiller de Wee Samschdes moies un Linn fonnt. Bei den Damen waren am ganzen 69 Spillerinnen ageschriwwen.
Um Freideg huet de Ranking ugefaange mat der Champions League wou EDFL och mat enger Equipe dëst Joer vertrueden as:
DSAB 1 (GER) – Red Lions Luxembourg 9-4
Red Lions Luxembourg – Joue le Douze (FRA) 5-8
Club Moby Dick (ITA) – Red Lions Luxembourg 7-6
An haart emkämpfte Matcher huet eis Equipe leider 3 mol de Kierzere gezunn. Trotzdeem hun sie sech gutt aus der Affär gezunn a gutt Matcher ofgeliwwert a kënnen zouversichtlech op dei nächst Matcher kuken.
Zousätzlech goufen et na folgend individuell Resultater.
EDU Männer:
Klein Mike (65)
Louis Johnny (97)
Teixeiera José (97)
EDU Damen:
Klein-Kemp Sonny (3)
Flammang Maryse (33)
DYP:
Perreira Bruno & Gögele Daniel (ITA) – (13)
Klein Frank & Dlab Josef (CZE) – (17)
Bintz Nico & Nova Teresa (CZE) – (33)
Mir felicitéieren alleguer de Spiller vir hier eenzel Resultater, an besonnëg dem Sonny vir seng super Podiums Plaatz.
Alleguer Resultater fannt dir hei:
http://www.edu-dart.eu/273.php
Den nächste Ranking as den 21. -22.10.2017 an der Schwäiz, Sulgen.
Mir géifen eis freeë rem vill Leit ze gesinn an en flotten a sportleche Weekend zesummen ze verbréngen.
Dokumenter sinn aktualiséiert vir die nei Saison 2017/2018.
Du fënns Dokumenter als PDF ënnert DOWNLOADS – DOKUMENTER
Umeldungen, nei Lizenzen an Transfert’en mussen bis den 31. August gema sinn. Dir kennt eis alles per mail oder per Courrier schécken.
Bei weider Froen kontaktéiert eis, mir stin Iech den ganzen Summer iwwer zur Verfügung.
Mir wënschen Iech na en schéinen Recht vum Summer.
Den 30. Juni stoung den 22. Spilldag vun eisem nationale Championnat um Programm.
Du fënns ab elo Résultater an Tabell vum 22ten Spilldag, 30/06/2017, bei eis um Site.
Vum 10. bis de 16. Juni stoung och dëst Joer rem en grousse Rendezvous op eiser sportlecher Agenda, EDU EM 2017 zu Caorle an Italien. Bei waarmen Temperaturen hun sech ganz Woch iwwer, Spiller a Spillerinnen aus 17 ennerscheedlech Natiounen, a verschiddenen eenzel Tourneier geintenee gemooss.
Op dësem Ofschloss Highlight vun der EDU Saison hunn och ganz vill letzeboier Spiller aus eiser Federatioun de Wee an Italien op sech geholl vir sech mat deenen aneren europäesche Spiller an de verschidden Disziplinnen ze moossen. Insgesamt waaren mir mat enger Delegatioun vun 40 Léit, dovun 35 Spiller, op dëser EM vertrueden.
Op dësem Wee wëlle mir och speziell hinnen en grousse Merci soe vir déi flott Ambiance déi ganz Woch iwwer ënnert de Letzeboier geherrscht huet. Sie hun all Dag all eenzele Spiller oder Spillerin bis zu Lëscht ënnerstëtzt a motivéiert. De Gruppe Gedanke stoung definitiv op éischter Platz an huet dozou bäigedroen eng flott an onvergiesslech Woch mateneen ze verbréngen, sportlech wei frëndschaftlech.
Mir sinn och ganz houfreg eng Juniorin an der Kategorie <15 Joer fir kennen ze weisen. Insgesamt war d’Feld vun de Junioren enorm grouss dëst Joer.
Mir haten dëst Joer och erëm zwou Equipe am Nations Cup am Asatz, eng Männer- an eng Dammenequipe, déi sech och super aus der Affaire gezunn hun an och eng Victoire verzeechne konnten:
Männer: 9. Platz am Nations Cup
LUXEMBOURG – FINNLAND: 10-2
LUXEMBOURG – CZECH REPUBLIC: 1-11
LUXEMBOURG – PORTUGAL: 3-9
Dames: 13. Plaatz am Nations Cup
LUXEMBOURG – SLOVAKIA: 1-11
LUXEMBOURG – SPAIN: 3-9
Natierlech konnten eis Spiller a Spillerinnen och ganz gutt individuell a kollektiv Resultater verzeechnen:
All Resultater kennt der op der Séit vun der EDU fannen.
Mee mir wëllen eis et net huele loossen nach en puer super Resultater hei opzelëschten:
1. Platz am Open Doubles DYP, 501 MO: LOUIS JOHNNY & KUKAVICA ISMET
5. Platz am Open Doubles DYP, 501 MO: KLEIN FRANK & LEITNER REINHARD
7. Platz am Open Doubles DYP, 501 MO: DONVEN MIKE & DAISEY THIBAUT
9. Platz am European Championship Singles Women, 501 DO: KLEIN-KEMP SONNY
5. Platz am Open Singles Men, 301 MO: LOUIS JOHNNY
5. Platz am Open Tripe Mixte, 701 MO: TEIXEIRA JOSE & KLEIN-KEMP SONNY & LOUIS JOHNNY
5. Platz Champions League: Red Lions Luxembourg
Mir felicitéieren all de Spiller a Spillerinne vir hier gutt Resultater op dëser EM 2017 zu Caorle a mir hoffen dass mir nächst Joer eis rem gesi vir rem sou eng flott Woch matenee kennen ze verbréngen.
