Autor: edfl_admin@login

Info Versammlung 2024/2025

Leif Memberen, Leif Verainer,

Heimat sidd dir häerzlechst agelueden fir un eiser Informatioun Versammlung deelzehuelen, den:

17/09/2024 um 19h30
Am Centre Culturel Martialis,
2, rue d’Erpeldange L-5690 Ellange

Et ass erwënscht dass vun all Club maximum zwee Leit délégeiert ginn fir un der Informatioun Versammlung deelzehuelen. Präsenz ass obligatoresch.
(Absence = 50 € Strof)

Mir bieden Iech är Präsenz ze bestätegen via Email op jessgon23@gmail.com bis den 15/09/2024.

Dir kritt während der Info Versammlung déi néideg Dokumenter an Erklärungen fir d‘Saison 2024/2025 richteg ze starten.

Inscriptions Saison 2024/2025

Mir wellen drunn arenneren dass Dir nach bis den 31. Juli Zéit hudd är Verainer an Equipes vir d’Saison 24/25 unzemëllen.

Transfert mussen och bis den 31. Juli bei eis erangescheckt ginn.

Wann nach Froen op sinn oder Hellef braucht da mellt Iech op info@edfl.lu

EM Benidorm 2024

Vum 8. bis de 14. Juni stoung dëst Joer rem en grousse Rendezvous op eiser sportlecher Agenda

Op dësem Ofschloss Highlight vun der Saison hunn och ganz vill letzeboier Spiller aus eiser Federatioun de Wee an Spuenien op sech geholl vir sech mat deenen aneren europäesche Spiller an de verschidden Disziplinnen ze moossen. Insgesamt waaren mir mat enger Delegatioun vun 30 Léit op dëser EM vertrueden.

Op dësem Wee wëlle mir och speziell hinnen en grousse Merci soe vir déi flott Ambiance déi ganz Woch iwwer ënnert de Letzeboier geherrscht huet. Sie hun all Dag all eenzele Spiller oder Spillerin bis zu Lëscht ënnerstëtzt a motivéiert.

No enger Woch zu Benidorm, kennen mir soen, dass Leeschtungen e bessen wei Meteo wuaren, net konstant genug awer trotzallem net schlecht. Mir haaten mat der Nationaléquip bei den Hären eng machbar Grupp, wou mir et leider awer net konnten zu eisen Gonschten dreinen, mat just engem gewonnen Match geint eis Belsch Noperen hun Hären Grupp als 3ten oofgeschloss. Nationalequipe vun den Damen huet sech 2x missten geschloen gin mat 12-5, waat awer secher net heescht, dass et schlecht Leeschtungen wuaren geint Kroatien an Spuenien.

Männer: 

LUXEMBOURG – TURKIYE: 8-9
BELGIUM – LUXEMBOURG: 6-11
FRANCE – LUXEMBOURG: 10-7

Dames: 

LUXEMBOURG – SPAIN: 5-12 
LUXEMBOURG – CROATIA: 5-12

 

Mee mir wëllen eis et net huele loossen nach en puer super Resultater hei opzelëschten:

13. Platz European Championship Single Women: BINTZ JESSICA

13. Platz European Championship Doubles Women: BINTZ JESSICA & KLEIN-KEMP SONNY

13. Platz Open Singles Men 501 MO: FLOHR ALEX

17. Platz Open Singles Women 501 MO: ZIMMER TANJA

33. Platz Open Singles Men 501 MO: REUTER MARC

33. Platz European Championship Doubles Mixtes: BINTZ JESSICA & WOLLENER STEVE

33. Platz European Championship Doubles Mixtes: BEMTGEN CAROLE & TEIXEIRA JOSE

65. Platz European Championship Single Men: WOLLENER STEVE

65. Platz European Championship Doubles Men: SCHMITZ MIKE & VOLZ STEVE

 

Alleguer Resultater fannt dir hei: Klick

 

Mir felicitéieren all de Spiller a Spillerinne vir hier gutt Resultater op dëser EM 2024 zu Benidorm.

Ranglëscht Saison 2023/2024

Um Samschdeg, huet EDFL op hier lescht Ranglëscht vun der Saison invitéiert zu Habscht. Et goung nach em eppes, nämlech em net mannerwéi, de Championstitel an de Kategorien Damen a Männer. Déi eicht 3 Platze sinn nach haart ëmkämpft, dohannert goung et nach drëms Platz ze behalen oder vläit nach e Sprong no fir ze maachen.  Also fir Spannung war gesuergt.

Et hunn sech net manner wei, 38 Männer a 7 Dammen am Centre Culturel zesumme fonnt.

Federatioun gratuléiert den neien Champion‘en zu hiren verdingten Titel.

Nächste Rdv fir Federatioun ass mat hiren Selektiounen zu Benidorm, wou d’Europaméeschterschaft ausgedroe gëtt.

Mir soen all de Spiller e grousse Merci, déi sech op deenen ganze Ranglëschten ënnerteneen gemooss hunn an Intressi um Darts gewisen hunn. 

 

Classement Dames 2023/2024

Pos. Nom – Prénom 1 2 3 4 5 TOTAL
1 Bintz Jessica 30 30 30 24 30 120
2 Klein-Kemp Sonny 24 20 14 30 24 98
3 Hoor Sabrina 18 24 24 18 20 86

Classement Hommes 2023/2024

Pos. Nom – Prénom 1 2 3 4 5 TOTAL
1 Teixeira José 30 10 4 30 18 88
2 Wollener Steve 8 24 20 20 10 74
3 Bartholmé Gilles 18 20 12 10 12 62

 

All Resultater