EDU EM 2018 CAORLE

Vum 9. bis de 15. Juni stoung och dëst Joer rem en grousse Rendezvous op eiser sportlecher Agenda, EDU EM 2018 zu Caorle an Italien. Bei waarmen Temperaturen hun sech ganz Woch iwwer, Spiller a Spillerinnen aus 16 ennerscheedlech Natiounen, a verschiddenen eenzel Tourneier geintenee gemooss.

Op dësem Ofschloss Highlight vun der EDU Saison hunn och ganz vill letzeboier Spiller aus eiser Federatioun de Wee an Italien op sech geholl vir sech mat deenen aneren europäesche Spiller an de verschidden Disziplinnen ze moossen. Insgesamt waaren mir mat enger Delegatioun vun 35 Spiller op dëser EM vertrueden.

Op dësem Wee wëlle mir och speziell hinnen en grousse Merci soe vir déi flott Ambiance déi ganz Woch iwwer ënnert de Letzeboier geherrscht huet. Sie hun all Dag all eenzele Spiller oder Spillerin bis zu Lëscht ënnerstëtzt a motivéiert. De Gruppe Gedanke stoung definitiv op éischter Platz an huet dozou bäigedroen eng flott an onvergiesslech Woch mateneen ze verbréngen, sportlech wei frëndschaftlech.

Mir haten dëst Joer och erëm zwou Equipe am Nations Cup am Asatz, eng Männer- an eng Dammenequipe, déi sech och super aus der Affaire gezunn hun an och eng Victoire verzeechne konnten:

Männer: 16. Platz am Nations Cup

LUXEMBOURG – SCHWEIZ: 6-10
LUXEMBOURG – AUSTRIA: 6-10

Dames: 9. Plaatz am Nations Cup

LUXEMBOURG – CZECH REPUBLIC: 4-9 
LUXEMBOURG – FINLAND: 12-4
LUXEMBOURG – CROATIA: 2-9

 

Natierlech konnten eis Spiller a Spillerinnen och ganz gutt individuell a kollektiv Resultater verzeechnen:

All Resultater kennt der op der Séit vun der EDU fannen.

 

Mee mir wëllen eis et net huele loossen nach en puer super Resultater hei opzelëschten:

5. Platz Open Doubles DYP: REUTER YVES & LUKIC DANIEL (GER)

17. Platz am European Championship Double Women: ZIMMER TANIA & VESQUE RACHEL

17. Platz Open Singles Men, 301 MO: LOUIS JOHNNY

17. Platz Open Singles Women, 501 MO: ZIMMER TANIA

17. Platz European Championship Qualification Women: ZIMMER TANIA

17. Platz Open Singles Men, 301 MO: LOUIS JOHNNY

17. Platz European Championship Men – Main Event: LOUIS JOHNNY

33. Platz European Championship Triple Mixte, 701 MO: LOUIS JOHNNY & VESQUE RACHEL & MULLER GERARD

49. Platz European Championship Qualification MEN: MULLER GERARD

 

Mir felicitéieren all de Spiller a Spillerinne vir hier gutt Resultater op dëser EM 2018 zu Caorle a mir hoffen dass mir nächst Joer eis rem gesi vir rem sou eng flott Woch matenee kennen ze verbréngen.