Néi Mesures Covid-19

Léif Veräiner,
Léif Responsabel,

Den 25/12/2021 sinn déi néi Mesuren an Kraaft getrueden déi vun der Regierung decidéiert goufen vir d’Pandemie an den Greff ze kréien.

Folgendes gouf festgehalen : (Stand Haut 05/01/2022 kommen demnächst nach Ännerungen)

Couvre-feu pour le secteur HoReCa à 23h00;
2G+ (vacciné ou rétabli plus test rapide sur place) pour les clients n’ayant pas encore reçu leur dose „booster“ (3e dose)
Les clients ayant reçu leur „booster“ n’ont pas besoin de faire un test supplémentaire;
L’obligation de présenter un certificat 2G+  et une pièce d’identité pour les clients à partir de 12 ans;

Doduerch gëtt och eist Championnat beaflosst well eis Matcher Freides gespillt ginn an réischt um 20h00 uginn.

Mir proposéieren Iech, den Veräiner an Spiller, dass mir do eng flexibel Approche gëllen ze lossen soulaang des Mesuren a Kraaft sinn.

Dat bedeit dass mir op Mathëllef vun Jidderengem zielen an dass d’Matcher en commun Accord zweschen den Veräiner dann op Samschdes, Sonndes oder en aneren Daag kennen geluecht ginn vir méi frei mam Match unzefänken.

Desweideren bieden mir Iech och falls et machbar ass an en Veräin zwou Maschinne huet déi dann och ze benotzen vir dass den Match och virun 22h45 fäerdeg kéint sinn falls Freides gespillt gëtt. Et besteet och Meiglechkeet dann geint 18h00 oder 19h00 zespillen wann et die zwee arrangeiert.

Aktuell sinn folgend Spilldeeg betraff:

14/01/2022 // 21/01/2022 (Nationale) // 28/01/2022 (Nationale) // 11/02/2022 // 25/02/2022

Wann mir Zesummen flexibel Accords ënnerteneen fannen dann kommen mir duerch déi komplizéiert Zäit, well mir wëllen alleguer Verhënneren dass mir mussen eist Championnat nach emol ofsoen oder ennerbriechen. An dëser Zeit mussen mir Alleguer zesummen stoen, Zesummen schaffen an eist Bescht maachen vir eisem Hobby kennen nozegoen an.

Mir stinn natierlech bei all Froen an vir Koordinatioun vun den Matcher zu ärer Verfügung.

De Comité.

Update: E.D.U. Kalenner 2022/2023

Léif Responsabel,
Léif Veräiner, 

D’E.D.U. huet folgend Datumer elo mol provisoresch fixeiert vir den Kalenner vun

2022:

15. – 16. April 2022 Ranking in Dijon / Frankreich

11. – 17. Juni 2022 EM in Benidorm / Spanien

14. – 15. Oktober 2022 Ranking in Deutschland

 

2023:

10. – 11. Februar 2023 Ranking Prag

April/ Mai 2023 Ranking Italien 
 
EM Juni 2023 Benidorm

Update: Covid-Check Regime 19/10/2021

Léif Veräiner,
Léif Responsabel,

Den Sportsministère huet en Communiqué eraus ginn datt d’Mesuren, déi den 01/11/2021 am Horesca Secteur agefouert ginn, ab Haut den 19/10/2021 vir all Sportsmanifestatiounen schonn an Kraaft trieden.

Dëst bedeit datt d‘Championnatsmatcher schonn ab kommenden Freideg mussen ënnert dem Covid-Check Regime gespillt ginn.

Dësen Covid-Check Regime gesäit ausserdeem vir datt keng Schnelltester méi gülteg sinn an een just um Championnatsmatch kann deelhuelen wann:

• Een geimpft ass,
• Een geheelt ass,
• Oder een en zertifizeierten PCR oder zertifizeierten Schnelltest kann virweisen.

Bis den 01/11/2021 muss den Veräin deen Doheem spillt dann och d’Kontroll maan vun deem méi restriktiven Covid-Check Régime.

Ab dem 01/11/2021 fällt wéi gesot, laut neiem Gesetz dat en Méindeg gestemmt gouf, den gesamten Horesca Beräich ënnert den méi restriktiven Covid-Check Regime an d’Responsabilitéit vun der Kontroll leit dann beim Cafetier.

Wann ären Veräin en eegen Sall huet muss dir aus Veräin d’Championnatsmatcher bei der Santé als Covid-Check umellen an den Veräin ass dann och Responsabel vir d‘Kontroll vun den Covid-Check Certificats vun den Spiller. (Strofen vir Verstéiss fänken bei 6.000 EUR un)

Wann ären Veräin bis elo en eenzelen Sall am Café ënner Covid-Check gesat hutt, dann muss an deem Sall och den méi restriktiven Covid-Check Régime ugewannt ginn.

Et ass net méi erlaabt en Championnatsmatch/Training ofzehalen wann keen Covid-Check Regime en Place ass.

Mir bieden Veräiner sech un des Reglementatioun zehaalen an deementspriechend och iwwerall den Covid-Check Regime anzeféieren an och anzehalen.

De Comité.

Inscriptions Saison 2021/2022

Léif Veräiner, Léif Spiller,

Och dëst Joer konnte mir leider net eisem Sport wéi gewinnt nogoe mee mir hoffen dass sech datt an Zukunft erëm wäert änneren.

Dofir wëlle mir Iech häerzlechst informéieren dass d ‘Aschreiwunge fir déi nei Saison op sinn an den Umeldeschluss ass den 15/09/2021.

Déi néideg Dokumenter vir äre Veräin a Spiller anzeschreiwe fannt dir op eiser Internetsäit.

Déi aktuell Mesurë vun der Regierung gi bis den 14/09/2021, bis dohin mussen och mir ofwaarden ënnert wéi enge Konditiounenmir d’Saison kéinten starten respektiv oflafen loossen.

Déi Veräiner déi lescht Saison schonn e Paiement gemaach haten wäerten deen an der neier Rechnung agerechent kréien.

Mir wëllen Iech gläichzäiteg och informéieren dass d’Federatioun och getraff war vum Héichwaasser an eis Apparater leider komplett ënner Waasser stoungen. Momentan evaluéiere mir de Schued a schaffen aktiv un Léisungen vir dass mir erëm kennen Evenementer ausriichten.

Eis alljärlech AGO hale mir och gläichzäiteg mat eiser Infoversammlung of. Deen Datum deele mir Iech nach mat.

Mir si frou fir all är Virschléi, fir datt de Kommitee, Iech, de Spiller a Spillerinnen eng flott a gutt encadréiert Saison kann ubidden.

Sportlech Gréiss,

De Kommitëe

Communiqué E.D.U.

Léif Veräiner,
Léif Spiller,

Mir kruten folgenden Communiqué vun der E.D.U. matgedeelt:

Nach mehreren Vorstandssitzungen mit dem Ausrichter der Europameisterschaft und den Spanischen Behörden ist der Vorstand der EDU zum Entschluss gekommen die geplante Europameisterschaft 2021 in Benidorm aufgrund der momentanen COVID-19 Situation abzusagen. Dieser Entschluss war für den Vorstand nicht leicht, weiteres war auch ein Entscheidungsfaktor der Absage da mehrere an der EDU angeschlossenen Nationen schon voraus ihre Entscheidung getroffen haben und die EDU benachrichtigt dass sie auf die Europameisterschaft 2021 nicht anreisen werden.

Der neue Termin für die Europameisterschaft ist im Juni 2022 geplant

Die EDU bedankt sich für ihr Verständnis

Wann et weider Ännerungen géifen ginn, deelen mir Iech daat natierlech mat.

De Kommitëe.

Report EDU Rankings & EDU EM 2021

Léif Veräiner,
Léif Responsabel,

Mir kruten vun der E.D.U. (European Dart Union) folgender Ännerungen am Planning vum Joer 2021 matgedeelt.

EDU Ranking Frankreich 2. – 3. Abrëll 2021 -> 9. – 10. Juli 2021
EDU Europameeschterschaft Benidorm (Spuenien) 5. – 11. Juni 2021 -> 16. – 22. Oktober 2021

EDU Ranking Kosice (Slowakei) 24. – 26. September 2021

Wann sech am Verlaaf vum Joer Eenzelheeten oder Datumer sollten änneren, ginn mir Iech sou séier wéi méiglech Bescheed.

De Comité.

EDFL Saison 2020/20201

Léif Veräiner,
Léif Responsabel,

Mir sinn déi lëscht Méint duerch eng ongewinnt an schwiereg Situatioun zesummen gaangen an mir hunn alleguer eisen Sport vermësst an probéieren lo eisen Bléck an Fokus op déi nei Saison 2020/2021 zerichten vir, wie gewinnt, am Oktober rëm eiser Passioun zesummen kennen no ze goen.

Aschreiwungen an Transferts sinn ab sofort méiglech an dat bis den 31/08/2020.

Mir informéieren Iech och schnellstméiglech wéini an wei mir eis AGO wäerten ofhalen, natierlech ënnert deenen momentan recommandéierten Virkeierungen vir en sécheren Oflaf kennen ze garantéieren.

Wéi den Comité schon ugekënnegt hat entfalen Frais d’Inscriptions Club & Equipe vir Veräiner déi bei eis an der Saison 2019/2020 ageschriwwen waren.

Mir hoffen Iech alleguer deemnächst perséinlech rëm kennen ze begréissen.

 

De Comité.

Evaluation Saison 2019/2020

Léif Veräiner,
Léif Responsabel,

D’E.D.F.L. deelt Iech mat dass déi sportlech Saison 2019/2020 net gewäert gëtt.

Dës Decisioun ass am Aklang mat den Avis’en vun all eise Veräiner getraff ginn a läit domat och op enger Linn zu deene meeschten anere Federatiounen an der lëtzebuerger Sportwelt.

Dës sportlech Annulatioun betrëfft:

  • Championnats par Equipes (Div. Nat, Div. Hon & 1ière Div.)
  • Résultats Highscore, High Check, Fast Finish
  • Championnats Individuels Hommes & Dames
  • Coupe de Luxembourg
  • Double Hommes & Triple Mixtes

Resultater vum Double Dames & Double Mixtes bléiwen bestoen. 

Mir wäerten d’Veräiner och um lafenden halen iwwert de Planning an den Oflaf vun eiser alljärlecher AGO.

Den Comité huet och decidéiert dass Inscription Club & Inscription Equipe fir di nächst Saison 2020/2021 komplett entfalen fir eis Veräiner.

D’Membere vum Comité vun der E.D.F.L. hoffen, dass dir an är Famille gesond a monter bleift, an dass mer eis geschwënn rëmgesinn fir flott a sportlech Momenter kennen zesummen ze erliewen.

 

 

De Comité.

Annulatioun EDFL Aktivitéiten bis den 23/04/2020

Léif Spiller a Spillerinnen,

D’EDFL informéiert dass den Comité eestëmmeg decidéiert huet Championnat bis den 23/04/2020 auszesetzen.

Desweideren wäerten déi geplangte Ranglëscht vum 04/04/2020 wéi och Coupe de Luxembourg vum 05/04/2020 net ofgehalen ginn.

Mat dëser Mesure huelen och mir eis Verantwortung an alignéieren eis un déi aner Federatiounen am gesamte Sportsberäich.

Mir halen Situatioun, Mesurë vun der Regierung an de Gemenge weider am Bléck an informéieren iech schnellstméiglech iwwer Ersatzdatumer an Ännerungen am Sportskalenner.

Merci vir äert Verständnis.

De Comité.