Annulatioun – EDU Ranking & EDU EM 2020

Léif Spiller an Spillerinnen,

D’EDFL informéiert dass E.D.U. (European Darts Union) éis matgedeelt huet dass Sie den E.D.U. Ranking a Frankreich, 01. – 02.05.2020, sou wéi och E.D.U. Europameeschterschaft a Spuenien, 06. – 13.06.2020, ofgesoot hunn.

Dës Décisioun ass eenheetlech am E.D.U. Virstand getraff ginn. Sie wärten éis schnellstméiglech informéieren wéi et mat den Veranstaltungen vun der E.D.U. weider wärt goen.

De Comité.

Annulatioun – Ranglëscht & DH & TM

Léif Spiller an Spillerinnen,

D’EDFL informéiert dass déi geplangten individuell Ranglëscht wei och Landesmeeschterschaften am Double Hären an Triple Mixte vir dëse Weekend, 14. & 15. März 2020, ofgesot ginn duerch déi rezent Entwécklungen.

Mir suivéieren Situatioun weider an informéieren iech schnellstméiglech iwwert en Ersatzdatum oder weider Messuren.

De Comité.

Resultater – Doubles Dames & Doubles Mixtes

Mir haaten den 02/02/2020 eis alljährlech Doubles Dames an Doubles Mixtes Meeschterschaften zu Koplëscht am Centre Wirtspesch um sportlechen Plang.

Hei d‘Resultater vun deenen 2 Disziplinen:

Doubles Dames:
1) Klein-Kemp Sonny & Hoor Sabrina
2) Ezzaidi Lamyaa & Lommer Nadine
3) Hottua Jessica & Lutty Wendy

Doubles Mixtes:
1) Bintz Jessica & Flohr Alex
2) Beckius Carole & Weishaar Jérôme
3) Klein-Kemp Sonny & Teixeira José

 

Mir feliciteiren all den Spiller fir hier gutt Resultater.

Mir geifen eis freen Ierch alleguer op Doubles Hommes an Triple Mixte Meeschterschaften erem zegesin déi den 15. März 2020 zu Koplescht.

Mir wellen och der Gemeng Koplëscht, eisem Organisatiounscomité an all deenen dei eis eng Hand mat ugepackt hun en groussen Merci soen vir hir Hellef.

Resultater Doubes Dames

Resultater Double Mixtes

Resultater – 4. Open EDFL Ranglëscht

Den 01.02.2020, hun mir éis 4ten Ranglëscht vir des Saison ofgehaalen an daat am Wirtspesch zu Koplescht.

Mir sinn houfreg dass nach souvill Spiller den Wëe bei éis fonnt hun an soen hinnen villmools Merci fir hir Präsenz.

Et waren 61 Männer, 18 Damen an 6 Junioren um Start.

Mir soen dem Jugenghaus Käl/Teiteng Merci fir hirt Kommen.

Mir soen eisem Organisatiouns Comité, der Gemeng Koplescht, an all deenen dei eis eng Hand mat ugepaackt hun Villmols merci vir är Ennerstetzung.

Et waar rem en flotten Weekend wou vill flott an spannend Partien gespillt goufen an dest emmer ennert dem Fairplay Motto an eng gudder Stemmung.

 

Hei nach jeweils dei 3 Podiumsplazen:

Männer:

1) Noster Steven
2) Teixeira José
3) Arend Christian

Dames:

1) Klein-Kemp Sonny
2) Hoor Sabrina
3) Flammang Maryse

Juniors:

1) Jesse
2) Dana
3) Noah

 

Mir begréissen Ierch härzlech op der nächsten Ranglëscht den 14/03/2020 wéi gewinnt am Wirtspesch zu Koplescht.

 

Resultater Männer

Resultater Damen

Resultater – 3. Open EDFL Ranglëscht

Den 11.01.2020, hun mir éis 3ten Ranglëscht vir des Saison ofgehaalen.

Mir sinn houfreg dass nach souvill Spiller den Wëe bei éis op Koplescht an den Wirtspesch fonnt hun an soen hinnen villmools Merci fir hir Präsenz.

Et waren 59 Männer, 17 Damen an 2 Junioren um Start.

Mir soen dem Jugenghaus Käl/Teiteng Merci fir hirt Kommen.

Mir soen eisem Organisatiouns Comité, der Gemeng Koplescht, an all deenen dei eis eng Hand mat ugepaackt hun Villmols merci vir är Ennerstetzung.

Et waar rem en flotten Weekend wou vill flott an spannend Partien gespillt goufen an dest emmer ennert dem Fairplay Motto an eng gudder Stemmung.

 

Hei nach jeweils dei 3 Podiumsplazen:

Männer:

1) Wollener Steve
2) Bartholmé Gilles
3) Bajrami Sulbear

Dames:

1) Klein-Kemp Sonny
2) Hoor Sabrina
3) Gaudron Nathalie

Juniors:

1) Jesse
2) Joel

Mir begréissen Ierch härzlech op der nächsten Ranglëscht den 01/02/2020 wéi gewinnt am Wirtspesch zu Koplescht.

 

Resultater Männer

Resultater Damen

Resultater – 2. Open EDFL Ranglëscht 2019/2020

Den 21.12.2019, kuerz virun den Féierdeeg, hun mir éis 2ten Ranglëscht am Joer 2019 ofgehaalen.

Mir sinn houfreg dass nach souvill Spiller den Wëe bei àis op Elleng fonnt hun an soen hinnen villmools Merci fir hir Präsenz.

Et waren 47 Männer, 15 Fraen an 5 Junioren um Start.

Mir soen dem Jugenghaus Käl/Teiteng Merci fir hirt Kommen.

Mir soen eisem Organisatiouns Comité an all deenen dei eis eng Hand mat ugepaackt hun Villmols merci vir är Ennerstetzung.

Hei nach jeweils dei 3 Podiumsplazen:

Männer:

1) Spinelli Franco
2) Karp Christian
3) Bartholmé Gilles

Dames:

1) Klein-Kemp Sonny
2) Hoor Sabrina
3) Hottua Jessica

Juniors:

1) Saymen
2) David
3) Jesse

Mir begréissen Ierch härzlech op der nächsten Ranglëscht am Joer 2020 wéi gewinnt am Wirtspesch zu Koplescht.

 

Resultater Männer

Resultater Damen

EDU Ranking Dortmund

Den lëschten Weekend waren mir mat enger Delegation von iwwert 30 Spiller an Spielerinnen beschtens um 2. EDU Ranking vun der Saison vertrueden.

Eis Umeldungszuelen kennen sech par rapport zu aner Natiounen wierklech weisen loossen.  Vir genau ze sinn waaren 24 lizenseiert Spiller an Spillerinnen zu Dortmund aktiv, 15 Männer an 9 Damen. Mat deenen Participatiounszuelen waaren mir an den Lännerklassementer ganz vir mat derbei. 

Net nemmen bei den Umeldungen waren mir fir bei, mee mir hunn och um sportlechen Plang gudd Resultater opweises.

Hei en klengen Iwwerbléck:

Warm Up – 301 MO Damen:
4. Klein-Kemp Sonny
7. Sabrina Hoor

Double Men – 301 MO:
4. Bintz Nico + Bintz Joé

Lucky Loser:
7. Junk Marcel

EDU Ranking Männer (121):
17. Teixeira José

EDU Ranking Damen (52):
9. Hoor Sabrina

EDU DYP – 501 MO:
3. Koneczny René + Gucek Wilhelm
4. Maieron Randy + Koppler Stefan
9. Bintz Joé + Horska Lenka
9. Hoor Sabrina + Lustenberger René
9. Weigel Georges + Smyk Alex

Mir felicitéieren all eisen Spiller vir déi gutt Resultater.

Et war en flotten an erfollegräichen Dartsweekend vir Lëtzebuerg.

Bei enger super Stemmung hunn mir een ganz flotten Weekend verbruecht. Mir soen jidderengem Merci deen den Wee mat eis op Dortmund gemaach huet.

Nach eng kleng Info zur Generalversammlung vun der EDU:

Den Rainer Eder as als Präsident an als Member vun der EDU zreckgetrueden. Den Comité huet den  Günther Kasal an den Norbert Salzgeber proposeiert vir un der Spetzt vun der EDU en Co-Präsidium ze bilden an Geschecker an Zukunft ze leeden. Sie sinn sou vun der Assemblée générale ugeholl ginn.

Weider nei Memberen vum Comité sinn den Mate Vukoja, Stefan Reichert an den Ruben Funosas.

Membres sortants: Rainer Eder an den Kurt Rösner.

Mir hoffen Ierch alléguer den 01. an den 02. Mai zu Talant am Frankreich rem ze gesinn.

Resultater – 1. Open EDFL Ranglëscht 2019/2020

Den 26.10.2019 bei scheinsten Wieder hunn mir eis eischt Ranglescht gespillt.

Mir sinn houfreg op eng excellent Bedeelegung an soen all den Spiller villmools Merci fir hir Präsenz.

Et waren 58 Männer, 23 Fraen an 8 Junioren um Start.

Mir soen dem Jugenghaus Käl/Teiteng Merci fir hirt Kommen.

Mir soen eisem Organisatiouns Comité an all deenen dei eis eng Hand mat ugepaackt hun Villmols merci vir är Ennerstetzung.

Hei nach jeweils dei 3 Podiumsplazen:

Männer:

1) Wollener Steve
2) Bartholmé Gilles
3) Nehrenhausen Mike

Dames:

1) Klein-Kemp Sonny
2) Hoor Sabrina
3) Hottua Jessica

Juniors:

1) Saymen
2) Jesse
3) Dana

4) Joel B.
5) Frank
5) Joel
7) Christian
7) Sam

 

Resultater Männer

Resultater Damen

EDFL – Kalenner Feature

Leif Spiller an Spillerinnen,

Ab sofort kennt dir Ierch Matcher vun den jeweilegen Divisiounen an är Kalenner androen lossen an daat ganz automatesch mat engem Kalennerabo.

Bleiwt emmer Up-to-Date an gesit ween wou weini spillt.

Apple: Division Nationale
Outlook: Division Nationale
Google: Division Nationale

Apple: Division d’Honneur
Outlook: Division d’Honneur
Google: Division dHonneur

Apple: 1ière Division
Outlook: 1ière Division
Google: 1ière Division