EDU Ranking Dortmund

Den lëschten Weekend waren mir mat enger Delegation von iwwert 30 Spiller an Spielerinnen beschtens um 2. EDU Ranking vun der Saison vertrueden.

Eis Umeldungszuelen kennen sech par rapport zu aner Natiounen wierklech weisen loossen.  Vir genau ze sinn waaren 24 lizenseiert Spiller an Spillerinnen zu Dortmund aktiv, 15 Männer an 9 Damen. Mat deenen Participatiounszuelen waaren mir an den Lännerklassementer ganz vir mat derbei. 

Net nemmen bei den Umeldungen waren mir fir bei, mee mir hunn och um sportlechen Plang gudd Resultater opweises.

Hei en klengen Iwwerbléck:

Warm Up – 301 MO Damen:
4. Klein-Kemp Sonny
7. Sabrina Hoor

Double Men – 301 MO:
4. Bintz Nico + Bintz Joé

Lucky Loser:
7. Junk Marcel

EDU Ranking Männer (121):
17. Teixeira José

EDU Ranking Damen (52):
9. Hoor Sabrina

EDU DYP – 501 MO:
3. Koneczny René + Gucek Wilhelm
4. Maieron Randy + Koppler Stefan
9. Bintz Joé + Horska Lenka
9. Hoor Sabrina + Lustenberger René
9. Weigel Georges + Smyk Alex

Mir felicitéieren all eisen Spiller vir déi gutt Resultater.

Et war en flotten an erfollegräichen Dartsweekend vir Lëtzebuerg.

Bei enger super Stemmung hunn mir een ganz flotten Weekend verbruecht. Mir soen jidderengem Merci deen den Wee mat eis op Dortmund gemaach huet.

Nach eng kleng Info zur Generalversammlung vun der EDU:

Den Rainer Eder as als Präsident an als Member vun der EDU zreckgetrueden. Den Comité huet den  Günther Kasal an den Norbert Salzgeber proposeiert vir un der Spetzt vun der EDU en Co-Präsidium ze bilden an Geschecker an Zukunft ze leeden. Sie sinn sou vun der Assemblée générale ugeholl ginn.

Weider nei Memberen vum Comité sinn den Mate Vukoja, Stefan Reichert an den Ruben Funosas.

Membres sortants: Rainer Eder an den Kurt Rösner.

Mir hoffen Ierch alléguer den 01. an den 02. Mai zu Talant am Frankreich rem ze gesinn.