Wëllkomm bei der E.D.F.L.

Elektronik Darts Federatioun ass den 22ten Februar 2006 gegrënnt ginn an huet hire Siège social an der Gemeng Grevenmacher.

Eist Ziel ass et den Dartssport zu Lëtzebuerg ze förderen a méi bekannt ze maachen, woubäi mir Spiller an de Mëttelpunkt stellen an och honoréiere wëllen, wat si iwwert Saison ewech geleescht hunn.

Bei eis ass all Dartsspiller wëllkomm, dee Spaass um Dartssport huet an sech natierlech och um Nationale wéi Internationale Plang beweise well.

Mir, als EDFL, si berechtegt ënnert dem Daachverband vun der EDU, European Dart Union, un den Europäesche Rankingen, wéi och der EM oder WM, deelzehuelen. Zu dëse grousse sportlechen Evenementer stelle mir och eng Nationalequipe, Hären wei Damen, déi duerch eis alljährlech Ranglëschten ermëttelt gëtt.

Wanns du Loscht hues vir Darts ze spillen an en Club mat Kollege wëlls grënnen, hëllefe mir dir gär weider.

Mir freeën eis iwwer all Spiller deen sech vir den Dartssport begeeschtert.

Kontaktéier eis iwwer Facebook oder per mail info(at)edfl.lu.