EDU Ranking Prag 2023

Den 03. an 04. Februar stoung erem en flotten EDU Ranking zu Prag un. Bei kaalen Temperaturen hun sech Freides an Samsdes eis Spiller mat deenen aneren vertruedenen Natiounen gemoss.

Insgesamt waaren mir mat enger Delegatioun vun 33 Spiller zu Prag vertrueden waat eis bis haut nach houffreg mescht dass esou vill Leit matgaangen sinn.

Op dësem Wee wëlle mir och speziell hinnen en grousse Merci soe vir déi flott Ambiance . 

Am EDU Ranking Men waren insgesamt 386 Männer ugemellt an am EDU Ranking Women waren 104 Dames ugemellt.

Zum Oflschoss wellen mir nach epuer Resultater eraushiewen:

Warm-Up Women: 5. Hottua Jessica

EDU Ranking Women: 13. Wollener-Seil Corinne

Warm-Up Men: 25. Bartholmé Gilles

EDU Ranking Men: 49. Bartholmé Gilles // 65. Reuter Marc

EDU Ranking Dyp: 33. Klein Frank & Malinovsky Zdenek

 

Dest Joer ass och eng Champions League Equipe, Lord of the Boards, op den Rankings vertrueden. Sie hunn sech gudd verkaaf mee hun sech och leider missen an knappen Mätcher an hierer Grupp geschloen ginn.

D’Resultater fannt dir all och op eiser Internetseit www.edfl.lu

Mir felicitéieren all de Spiller a Spillerinne vir hier Resultater an hoffen mir gesinn eis den 21. an 22. Abrell an Italien um Ranking.