Léif Veräiner,
Léif Responsabel,
D’E.D.F.L. deelt Iech mat dass déi sportlech Saison 2019/2020 net gewäert gëtt.
Dës Decisioun ass am Aklang mat den Avis’en vun all eise Veräiner getraff ginn a läit domat och op enger Linn zu deene meeschten anere Federatiounen an der lëtzebuerger Sportwelt.
Dës sportlech Annulatioun betrëfft:
- Championnats par Equipes (Div. Nat, Div. Hon & 1ière Div.)
- Résultats Highscore, High Check, Fast Finish
- Championnats Individuels Hommes & Dames
- Coupe de Luxembourg
- Double Hommes & Triple Mixtes
Resultater vum Double Dames & Double Mixtes bléiwen bestoen.
Mir wäerten d’Veräiner och um lafenden halen iwwert de Planning an den Oflaf vun eiser alljärlecher AGO.
Den Comité huet och decidéiert dass Inscription Club & Inscription Equipe fir di nächst Saison 2020/2021 komplett entfalen fir eis Veräiner.
D’Membere vum Comité vun der E.D.F.L. hoffen, dass dir an är Famille gesond a monter bleift, an dass mer eis geschwënn rëmgesinn fir flott a sportlech Momenter kennen zesummen ze erliewen.
De Comité.