Inscriptions Saison 2021/2022

Léif Veräiner, Léif Spiller,

Och dëst Joer konnte mir leider net eisem Sport wéi gewinnt nogoe mee mir hoffen dass sech datt an Zukunft erëm wäert änneren.

Dofir wëlle mir Iech häerzlechst informéieren dass d ‘Aschreiwunge fir déi nei Saison op sinn an den Umeldeschluss ass den 15/09/2021.

Déi néideg Dokumenter vir äre Veräin a Spiller anzeschreiwe fannt dir op eiser Internetsäit.

Déi aktuell Mesurë vun der Regierung gi bis den 14/09/2021, bis dohin mussen och mir ofwaarden ënnert wéi enge Konditiounenmir d’Saison kéinten starten respektiv oflafen loossen.

Déi Veräiner déi lescht Saison schonn e Paiement gemaach haten wäerten deen an der neier Rechnung agerechent kréien.

Mir wëllen Iech gläichzäiteg och informéieren dass d’Federatioun och getraff war vum Héichwaasser an eis Apparater leider komplett ënner Waasser stoungen. Momentan evaluéiere mir de Schued a schaffen aktiv un Léisungen vir dass mir erëm kennen Evenementer ausriichten.

Eis alljärlech AGO hale mir och gläichzäiteg mat eiser Infoversammlung of. Deen Datum deele mir Iech nach mat.

Mir si frou fir all är Virschléi, fir datt de Kommitee, Iech, de Spiller a Spillerinnen eng flott a gutt encadréiert Saison kann ubidden.

Sportlech Gréiss,

De Kommitëe