Zitate

Mell dein Verain un!

Du spills gären Darts?
Du wëlls flott Freideg Owender enner Dartspiller verbrengen? 
Du wëlls dech geint aner Spiller mossen?
An wëlls en Club umellen vir mat dengen Kollegen am Championnat kennen deelzehuelen?
Dann bas de bei éis genau richteg. 

Klick Hei!

Mir begleeden Ierch natierlech gaeren bei allen Umellungen an stin Ierch natierlech bei allen Froen gären zur Verfügung enner info@edfl.lu
*Umeldeschluss as den 31/08/2019

Elektronik Darts Federatioun Letzebuerg

Artikel am Lëtzebuerger Journal

Mir wëllen op dëser Platz dem Lëtzebuerg Journal an dem Jeff Karier nach emol en grousse Merci soe vir dee flotten Artikel, deen en Samschden am Journal an och op hirem Internetsite publizéiert gouf.

Vir den Dartssport zu Lëtzebuerg ass dat sécherlech eng gutt Reklamm, a bitt domat och Méiglechkeet nach méi Léit vir eise flotten an interessante Sport ze begeeschteren.

 

Deen den Artikel nach net gelies oder gesi sollt hunn:

http://www.journal.lu/top-navigation/article/mit-hoher-praezision/

Elektronik Darts Federatioun Letzebuerg

Wëllkomm bei der E.D.F.L.

Elektronik Darts Federatioun Lëtzebuerg ass den 22ten Februar 2006 gegrënnt ginn an huet hire Siège social an der Gemeng Grevenmacher.

Eist Ziel ass et den Dartssport zu Lëtzebuerg ze förderen a méi bekannt ze maachen, woubäi mir Spiller an de Mëttelpunkt stellen an och honoréiere wëllen, wat si iwwert Saison ewech geleescht hunn.

Bei eis ass all Dartsspiller wëllkomm, dee Spaass um Dartssport huet an sech natierlech och um Nationale wéi Internationale Plang beweise well.

Mir, als EDFL, si berechtegt ënnert dem Daachverband vun der EDU, European Dart Union, un den Europäesche Rankingen, wéi och der EM oder WM, deelzehuelen. Zu dëse grousse sportlechen Evenementer stelle mir och eng Nationalequipe, Hären wei Damen, déi duerch eis alljährlech Ranglëschten ermëttelt gëtt.

Wanns du Loscht hues vir Darts ze spillen an en Club mat Kollege wëlls grënnen, hëllefe mir dir gär weider.

Mir freeën eis iwwer all Spiller deen sech vir den Dartssport begeeschtert.

Kontaktéier eis iwwer Facebook oder per mail info@edfl.lu