EDU Prag – 01. – 02.09.2017

 

Dëst Joer stoung deen éischten europäesche Rendezvous zu Prag op eiser sportlecher Agenda.

Um éischten EDU Ranking waren och des kéier rem 16 Lëtzebuerger vertrueden, 14 Spiller bei de Männer an 2 Spillerinnen an der Damen Competitioun.

D’Ambiance war wei ëmmer rem ganz gutt ënnert den eenzele Spiller a Spillerinnen, et huet een deen aneren ënnerstëtzt, gouf gutt gelaacht an natierlech op engem heigen Niveau Darts gespillt.

Bei de Männer hun insgesamt 250 Spiller de Wee Samschdes moies un Linn fonnt. Bei den Damen waren am ganzen 69 Spillerinnen ageschriwwen.

Um Freideg huet de Ranking ugefaange mat der Champions League wou EDFL och mat enger Equipe dëst Joer vertrueden as:

DSAB 1 (GER) – Red Lions Luxembourg 9-4

Red Lions Luxembourg – Joue le Douze (FRA) 5-8

Club Moby Dick (ITA) – Red Lions Luxembourg 7-6

An haart emkämpfte Matcher huet eis Equipe leider 3 mol de Kierzere gezunn. Trotzdeem hun sie sech gutt aus der Affär gezunn a gutt Matcher ofgeliwwert a kënnen zouversichtlech op dei nächst Matcher kuken.

Zousätzlech goufen et na folgend individuell Resultater.

EDU Männer:

Klein Mike (65)

Louis Johnny (97)

Teixeiera José (97)

EDU Damen:

Klein-Kemp Sonny (3)

Flammang Maryse (33)

DYP:

Perreira Bruno & Gögele Daniel (ITA) – (13)

Klein Frank & Dlab Josef (CZE) – (17)

Bintz Nico & Nova Teresa (CZE) – (33)

Mir felicitéieren alleguer de Spiller vir hier eenzel Resultater, an besonnëg dem Sonny vir seng super Podiums Plaatz.

Alleguer Resultater fannt dir hei:

http://www.edu-dart.eu/273.php

Den nächste Ranking as den 21. -22.10.2017 an der Schwäiz, Sulgen.

Mir géifen eis freeë rem vill Leit ze gesinn an en flotten a sportleche Weekend zesummen ze verbréngen.