Division Nationale
Division d'Honneur
Datum | Heim | Ergebnisse | Auswärts | Austragungsort |
---|---|---|---|---|
Harlekeng | 10 - 10 | Red Barons |
1ière Division
Datum | Heim | Ergebnisse | Auswärts | Austragungsort |
---|---|---|---|---|
Red Lions | 4 - 16 | Bull Hunters |
Datum | Heim | Ergebnisse | Auswärts | Austragungsort |
---|---|---|---|---|
Harlekeng | 10 - 10 | Red Barons |
Datum | Heim | Ergebnisse | Auswärts | Austragungsort |
---|---|---|---|---|
Red Lions | 4 - 16 | Bull Hunters |
Den lëschten Weekend, no enger laanger Paus, waren 9 Spiller vun eis um EDU Ranking zu Dijon vertrueden.
Wärend dësem Weekend waren am ganzen 164 Hären an 44 Damen un d’Linn getrueden an dat aus 13 verschiddenen Länner.
Op Lëtzebuerger Seit sinn och ganz gutt Resultater zestanen komm.
Mir gratuléieren dem Gilles Bartholmé vir seng excellenten 4. Platz am Hären Ranking an dem Junk Marcel vir seng 5. Platz am Split Score.
Hei en klengen Iwwerbléck vun den aneren Resultater:
Split Score:
5. Junk Marcel
9. Bartholmé Gilles
17. Teixeira José
EDU Ranking Männer (164):
4. Bartholmé Gilles
33. Klein Frank
EDU DYP – 501 MO:
13. Reuter Marc & Martinelli Julien (FRA)
17. Junk Marcel & Schnepp Pierre (FRA)
17. Teixeira José & Waldy Manuela (SUI)
Mir felicitéieren all eisen Spiller vir déi gutt Resultater.
Et war en flotten an erfollegräichen Dartsweekend vir eis Lëtzebuerger Spiller.
Stade Mathias Mamer (Centre de loisirs et de récréation Baumbusch)
Rue de Bridel
L-1264 Luxembourg
Mir féliciteieren dem Gilles Bartholmé vir seng gudd Leeschtungen an der Hinronn am Championnat vun der Saison 2021/2022.
Léif Veräiner,
Léif Responsabel,
Den 25/12/2021 sinn déi néi Mesuren an Kraaft getrueden déi vun der Regierung decidéiert goufen vir d’Pandemie an den Greff ze kréien.
Folgendes gouf festgehalen : (Stand Haut 05/01/2022 kommen demnächst nach Ännerungen)
Couvre-feu pour le secteur HoReCa à 23h00;
2G+ (vacciné ou rétabli plus test rapide sur place) pour les clients n’ayant pas encore reçu leur dose „booster“ (3e dose)
Les clients ayant reçu leur „booster“ n’ont pas besoin de faire un test supplémentaire;
L’obligation de présenter un certificat 2G+ et une pièce d’identité pour les clients à partir de 12 ans;
Doduerch gëtt och eist Championnat beaflosst well eis Matcher Freides gespillt ginn an réischt um 20h00 uginn.
Mir proposéieren Iech, den Veräiner an Spiller, dass mir do eng flexibel Approche gëllen ze lossen soulaang des Mesuren a Kraaft sinn.
Dat bedeit dass mir op Mathëllef vun Jidderengem zielen an dass d’Matcher en commun Accord zweschen den Veräiner dann op Samschdes, Sonndes oder en aneren Daag kennen geluecht ginn vir méi frei mam Match unzefänken.
Desweideren bieden mir Iech och falls et machbar ass an en Veräin zwou Maschinne huet déi dann och ze benotzen vir dass den Match och virun 22h45 fäerdeg kéint sinn falls Freides gespillt gëtt. Et besteet och Meiglechkeet dann geint 18h00 oder 19h00 zespillen wann et die zwee arrangeiert.
Aktuell sinn folgend Spilldeeg betraff:
14/01/2022 // 21/01/2022 (Nationale) // 28/01/2022 (Nationale) // 11/02/2022 // 25/02/2022
Wann mir Zesummen flexibel Accords ënnerteneen fannen dann kommen mir duerch déi komplizéiert Zäit, well mir wëllen alleguer Verhënneren dass mir mussen eist Championnat nach emol ofsoen oder ennerbriechen. An dëser Zeit mussen mir Alleguer zesummen stoen, Zesummen schaffen an eist Bescht maachen vir eisem Hobby kennen nozegoen an.
Mir stinn natierlech bei all Froen an vir Koordinatioun vun den Matcher zu ärer Verfügung.
De Comité.
Den Club Chaos Power spillt elo op folgender Adresse:
Café de l’Avenue
54, Avenue de la Libération
L-3850 Schifflange
MbG
De Comité
Léif Responsabel,
Léif Veräiner,
D’E.D.U. huet folgend Datumer elo mol provisoresch fixeiert vir den Kalenner vun
2022:
15. – 16. April 2022 Ranking in Dijon / Frankreich
11. – 17. Juni 2022 EM in Benidorm / Spanien
14. – 15. Oktober 2022 Ranking in Deutschland
2023:
10. – 11. Februar 2023 Ranking Prag
April/ Mai 2023 Ranking Italien
EM Juni 2023 Benidorm
Léif Veräiner,
Léif Responsabel,
Den Sportsministère huet en Communiqué eraus ginn datt d’Mesuren, déi den 01/11/2021 am Horesca Secteur agefouert ginn, ab Haut den 19/10/2021 vir all Sportsmanifestatiounen schonn an Kraaft trieden.
Dëst bedeit datt d‘Championnatsmatcher schonn ab kommenden Freideg mussen ënnert dem Covid-Check Regime gespillt ginn.
Dësen Covid-Check Regime gesäit ausserdeem vir datt keng Schnelltester méi gülteg sinn an een just um Championnatsmatch kann deelhuelen wann:
• Een geimpft ass,
• Een geheelt ass,
• Oder een en zertifizeierten PCR oder zertifizeierten Schnelltest kann virweisen.
Bis den 01/11/2021 muss den Veräin deen Doheem spillt dann och d’Kontroll maan vun deem méi restriktiven Covid-Check Régime.
Ab dem 01/11/2021 fällt wéi gesot, laut neiem Gesetz dat en Méindeg gestemmt gouf, den gesamten Horesca Beräich ënnert den méi restriktiven Covid-Check Regime an d’Responsabilitéit vun der Kontroll leit dann beim Cafetier.
Wann ären Veräin en eegen Sall huet muss dir aus Veräin d’Championnatsmatcher bei der Santé als Covid-Check umellen an den Veräin ass dann och Responsabel vir d‘Kontroll vun den Covid-Check Certificats vun den Spiller. (Strofen vir Verstéiss fänken bei 6.000 EUR un)
Wann ären Veräin bis elo en eenzelen Sall am Café ënner Covid-Check gesat hutt, dann muss an deem Sall och den méi restriktiven Covid-Check Régime ugewannt ginn.
Et ass net méi erlaabt en Championnatsmatch/Training ofzehalen wann keen Covid-Check Regime en Place ass.
Mir bieden Veräiner sech un des Reglementatioun zehaalen an deementspriechend och iwwerall den Covid-Check Regime anzeféieren an och anzehalen.
De Comité.