EDU Podčetrtek

EDU Ranking Podčetrtek 20. – 21.10.2016

Um Weekend vum 20. a 21. Oktober stoung deen zweeten europäesche Ranking vun der European Dart Union um Programm. De Ranking gouf zu Podčetrtek a Slowenien gespillt an vun der Slowenescher Federatioun organiséiert.

Gespillt gouf an enger grousser Sportshal mat 40 Apparater, an et sinn insgesamt
8 verschidden Turnéier gespillt ginn.

Un dësem zweeten Highlight vun der EDU Saison hunn och ganz vill letzeboier Spiller aus eiser Federatioun den Wee an Slowenien op sech geholl vir sech mat deenen aneren europäesche Spiller an de verschidden Disziplinnen ze moossen. Insgesamt ware 15 letzeboier zu Podčetrtek um Rendez Vous.

De Weekend war och sportlech en kompletten Erfolleg. Spiller a Spillerinnen hunn en ganzen héijen Niveau gewisen a konnten och super Resultater verzeechnen.

Klick hei vir all Resultater

 

Freides owes am Split Score Warm Up konnten sech den Louis Johnny an den Heyard Christian excellent Placéierungen erausspillen. Déi zwee konnten sech souverän duerch den Tableau spillen a konnten sech duerch hir staark Leeschtungen a verdéngte Victoiren um Podium platzeieren.

 

img_4328

img_4318

Louis Johnny 2. Platz am Warm Up Split Score & Heyard Christian 3. Platz am Warm Up Split Score

 

Am DYP konnt sech Klein-Kemp Sonny,mam Partner dem René Eidams, och eng staark Podium Placéierung sécheren. Sie hunn sech zesummen a spannende Partië géint éischtklasseg Géigner konnten duerchsetzen an hunn sech schlussendlech mat enger super 3.ten Platz belount.

Klein-Kemp Sonny & René Eidams 3. Plaatz DYP

img_4306

 

Och an der Champions League ware letzeboier Spiller mat hirer Equipe um Freideg Owend am Asaatz. Et waren zwee ganz spannend an intensiv Matcher, wou sinn deen éischte Match, no enger ganz staarker Equippe Leeschtung, géint eng italienesch Equipe, vir sech entscheede konnten. Deen zweete Match gouf leider ganz knapp no engem haarde Kampf verluer.

 

Red Lions Luxembourg (LUX) 7 – 6 I Briganti (ITA)
Dvo United (CH) 8 – 5 Red Lions Luxembourg (LUX)

 

Mir felicitéieren all de Spiller an Spillerin fir hir ganz staark Leeschtungen, a mir sinn houfreg op déi héich Participatioun un dësem flotte Ranking.

 

Hoffentlech gesi mir eis all zu Porto um nächste Ranking erëm.