EDU Podčetrtek

EDU Ranking Podčetrtek 20. – 21.10.2016

Um Weekend vum 20. a 21. Oktober stoung deen zweeten europäesche Ranking vun der European Dart Union um Programm. De Ranking gouf zu Podčetrtek a Slowenien gespillt an vun der Slowenescher Federatioun organiséiert.

Gespillt gouf an enger grousser Sportshal mat 40 Apparater, an et sinn insgesamt
8 verschidden Turnéier gespillt ginn.

Un dësem zweeten Highlight vun der EDU Saison hunn och ganz vill letzeboier Spiller aus eiser Federatioun den Wee an Slowenien op sech geholl vir sech mat deenen aneren europäesche Spiller an de verschidden Disziplinnen ze moossen. Insgesamt ware 15 letzeboier zu Podčetrtek um Rendez Vous.

De Weekend war och sportlech en kompletten Erfolleg. Spiller a Spillerinnen hunn en ganzen héijen Niveau gewisen a konnten och super Resultater verzeechnen.

Klick hei vir all Resultater

 

Freides owes am Split Score Warm Up konnten sech den Louis Johnny an den Heyard Christian excellent Placéierungen erausspillen. Déi zwee konnten sech souverän duerch den Tableau spillen a konnten sech duerch hir staark Leeschtungen a verdéngte Victoiren um Podium platzeieren.

 

img_4328

img_4318

Louis Johnny 2. Platz am Warm Up Split Score & Heyard Christian 3. Platz am Warm Up Split Score

 

Am DYP konnt sech Klein-Kemp Sonny,mam Partner dem René Eidams, och eng staark Podium Placéierung sécheren. Sie hunn sech zesummen a spannende Partië géint éischtklasseg Géigner konnten duerchsetzen an hunn sech schlussendlech mat enger super 3.ten Platz belount.

Klein-Kemp Sonny & René Eidams 3. Plaatz DYP

img_4306

 

Och an der Champions League ware letzeboier Spiller mat hirer Equipe um Freideg Owend am Asaatz. Et waren zwee ganz spannend an intensiv Matcher, wou sinn deen éischte Match, no enger ganz staarker Equippe Leeschtung, géint eng italienesch Equipe, vir sech entscheede konnten. Deen zweete Match gouf leider ganz knapp no engem haarde Kampf verluer.

 

Red Lions Luxembourg (LUX) 7 – 6 I Briganti (ITA)
Dvo United (CH) 8 – 5 Red Lions Luxembourg (LUX)

 

Mir felicitéieren all de Spiller an Spillerin fir hir ganz staark Leeschtungen, a mir sinn houfreg op déi héich Participatioun un dësem flotte Ranking.

 

Hoffentlech gesi mir eis all zu Porto um nächste Ranking erëm.

Elektronik Darts Federatioun Letzebuerg

Ännerungen am Calendrier Sportif

Mir wëllen dech drop opmierksam maan dass mir Ännerungen, am Calendrier Sportif vun der Saison 2016-2017, hu misse maan.

 

Am Detail hu mir folgend Datumer verluecht:

Championnat Spilldag 4: vum 04.11.2016 op den 28.10.2016

Coupe + Ranking Tour 1: vum 29.10.2016 op den 05.11.2016

Championnat Spilldag 15: vum 24.03.2017 op den 17.03.2017

Coupe + Ranking Tour 5: vum 18.03.2016 op den 25.03.2016

Double + Triple Landesmeeschterschaft: vum 19.03.2016 op den 26.03.2016

 

Déi aktuell Versioun vum Calendrier Sportif steet och lo Online zur Verfügung.
Calendrier Sportif Saison 2016-2017

Elektronik Darts Federatioun Letzebuerg

Championnat – 1. Spilldag

Deen éischten Spilldaach vum Championnat hun mer hannert éis, an vill Léit konnten et kaum erwaarden rem mam Darts spillen lass ze léen.

Lëschten Fréiden waar et dunn esou weit an EDFL Saison 2016-2017 huet offiziel ugefaangen.

Du fënns ab elo Résultater an Tabell vum 1ten Spilldaach, 23/09/2016, bei eis um Site.

Resultater
Tabell

*High Check, High Score an Fast Finish in lo aktuell.
Classement High Check, High Score, Fast Finish

Ranking Phalsbourg 26. – 27.08.2016

De lëschte Weekend, 26. a 27. August, huet deen éischten EDU Ranking vun der neier Saison zu Phalsbourg (Frankräich) stattfonnt.

Et war ee flotten a sportleche Weekend, mat engem super organiséierte Ranking vun eise franzeiche Kollegen, wou et eis un näischt gefeelt huet.

Et hunn och ganz vill letzeboier Spiller de Wee op Phalsbourg fonnt, vir an deene verschiddenen Turnéieren unzetrieden, an sech mat der internationaler Konkurrenz ze moossen.

 

Gespillt goufe folgend Turnéier:

Ranking Herren
Ranking Damen
DYP
Warm Up Cricket
Warm Up Herren
Warm Up Damen
Open Single KO
Open 501 MO
Champions League

Resultater – Klick hei
Mir gratuléieren all de Spiller vir hir gutt Resultater op deem flotte Ranking. Mir gesinn eis hoffentlech op deem nächste Ranking a Slowenien.