Update: Covid-Check Regime 19/10/2021

Léif Veräiner,
Léif Responsabel,

Den Sportsministère huet en Communiqué eraus ginn datt d’Mesuren, déi den 01/11/2021 am Horesca Secteur agefouert ginn, ab Haut den 19/10/2021 vir all Sportsmanifestatiounen schonn an Kraaft trieden.

Dëst bedeit datt d‘Championnatsmatcher schonn ab kommenden Freideg mussen ënnert dem Covid-Check Regime gespillt ginn.

Dësen Covid-Check Regime gesäit ausserdeem vir datt keng Schnelltester méi gülteg sinn an een just um Championnatsmatch kann deelhuelen wann:

• Een geimpft ass,
• Een geheelt ass,
• Oder een en zertifizeierten PCR oder zertifizeierten Schnelltest kann virweisen.

Bis den 01/11/2021 muss den Veräin deen Doheem spillt dann och d’Kontroll maan vun deem méi restriktiven Covid-Check Régime.

Ab dem 01/11/2021 fällt wéi gesot, laut neiem Gesetz dat en Méindeg gestemmt gouf, den gesamten Horesca Beräich ënnert den méi restriktiven Covid-Check Regime an d’Responsabilitéit vun der Kontroll leit dann beim Cafetier.

Wann ären Veräin en eegen Sall huet muss dir aus Veräin d’Championnatsmatcher bei der Santé als Covid-Check umellen an den Veräin ass dann och Responsabel vir d‘Kontroll vun den Covid-Check Certificats vun den Spiller. (Strofen vir Verstéiss fänken bei 6.000 EUR un)

Wann ären Veräin bis elo en eenzelen Sall am Café ënner Covid-Check gesat hutt, dann muss an deem Sall och den méi restriktiven Covid-Check Régime ugewannt ginn.

Et ass net méi erlaabt en Championnatsmatch/Training ofzehalen wann keen Covid-Check Regime en Place ass.

Mir bieden Veräiner sech un des Reglementatioun zehaalen an deementspriechend och iwwerall den Covid-Check Regime anzeféieren an och anzehalen.

De Comité.