EDU Ranking Dijon 2022

Den lëschten Weekend, no enger laanger Paus,  waren 9 Spiller vun eis um EDU Ranking zu Dijon vertrueden.

Wärend dësem Weekend waren am ganzen 164 Hären an 44 Damen un d’Linn getrueden an dat aus 13 verschiddenen Länner.

Op Lëtzebuerger Seit sinn och ganz gutt Resultater zestanen komm.

Mir gratuléieren dem Gilles Bartholmé vir seng excellenten 4. Platz am Hären Ranking an dem Junk Marcel vir seng 5. Platz am Split Score.

Hei en klengen Iwwerbléck vun den aneren Resultater:

Split Score:
5. Junk Marcel
9. Bartholmé Gilles
17. Teixeira José

EDU Ranking Männer (164):
4. Bartholmé Gilles
33. Klein Frank

EDU DYP – 501 MO:
13. Reuter Marc & Martinelli Julien (FRA)
17. Junk Marcel & Schnepp Pierre (FRA)
17. Teixeira José & Waldy Manuela (SUI)

Mir felicitéieren all eisen Spiller vir déi gutt Resultater.

Et war en flotten an erfollegräichen Dartsweekend vir eis Lëtzebuerger Spiller.