EM Benidorm 2022

Vum 10. bis de 17. Juni stoung dëst Joer rem en grousse Rendezvous op eiser sportlecher Agenda no enger schwéierer Zeit, EDU EM 2022 zu Benidorm an Spuenien. Bei waarmen Temperaturen hun sech ganz Woch iwwer, Spiller a Spillerinnen aus 17 ennerscheedlech Natiounen, a verschiddenen eenzel Tourneier geintenee gemooss.

Op dësem Ofschloss Highlight vun der EDU Saison hunn och ganz vill letzeboier Spiller aus eiser Federatioun de Wee an Spuenien op sech geholl vir sech mat deenen aneren europäesche Spiller an de verschidden Disziplinnen ze moossen. Insgesamt waaren mir mat enger Delegatioun vun 27 Spiller op dëser EM vertrueden.

Op dësem Wee wëlle mir och speziell hinnen en grousse Merci soe vir déi flott Ambiance déi ganz Woch iwwer ënnert de Letzeboier geherrscht huet. Sie hun all Dag all eenzele Spiller oder Spillerin bis zu Lëscht ënnerstëtzt a motivéiert. De Gruppe Gedanke stoung definitiv op éischter Platz an huet dozou bäigedroen eng flott an onvergiesslech Woch mateneen ze verbréngen, sportlech wei frëndschaftlech.

Mir haten dëst Joer och erëm zwou Equipe am Nations Cup am Asatz, eng Männer- an eng Dammenequipe, déi sech och super geschloen hunn:

Männer: 13. Platz am Nations Cup

LUXEMBOURG – AUSTRIA: 5-11
LUXEMBOURG – FRANCE: 7-9

Dames: 13. Plaatz am Nations Cup

LUXEMBOURG – SWITZERLAND: 2-9 
LUXEMBOURG – HUNGARY: 6-10

 

Natierlech konnten eis Spiller a Spillerinnen och ganz gutt individuell a kollektiv Resultater verzeechnen:

All Resultater fannt dir héi

 

Mee mir wëllen eis et net huele loossen nach en puer super Resultater hei opzelëschten:

5. Platz Open Single Men, 501 MO: AREND CHRISTIAN

5. Platz Open Single Women, 301 MO: BECKIUS CAROLE

7. Platz Open Single Men, 501 MO: AREND CHRISTIAN

7. Platz European Championship Triple Mixtes: WOLLENER CORINNE & WOLLENER STEVE & GONNER CLAUDE

9. Platz Open Single Women, 501 MO: BECKIUS CAROLE

9. Platz Open Doubles DYP, 501 MO: SCHMITZ MIKE & JUNOVA PETRA

9. Platz Open Triples Mixtes, 701 MO: WOLLENER CORINNE & WOLLENER STEVE & GONNER CLAUDE

9. Platz Open Single Men, 301 MO: NEHRENHAUSEN MIKE

9. Platz Open Single Men, 501 MO: SCHMITZ MIKE

13. Platz Open Singles Men, 301 MO: BAULESCH YVES

17. Platz European Championship Doubles Men: BARTHOLME GILLES & TEIXEIRA JOSE

17. Platz European Championship Triple Mixtes: KLEIN SONNY & TEIXEIRA JOSE & BAULESCH YVES

17. Platz European Championship Doubles Mixtes: KLEIN SONNY & TEIXEIRA JOSE

 

Mir felicitéieren all de Spiller a Spillerinne vir hier gutt Resultater op dëser EM 2022 zu Benidorm a mir hoffen dass mir nächst Joer eis rem gesi vir rem sou eng flott Woch matenee kennen ze verbréngen.